top of page

Geschicht

Veräinschronik

1907.jpg

Virun 1907 bestung schonn eng Pompjeesmusek. An dëser Musek ass awer méi geläscht ewéi geblose ginn, net mat Brandeemeren ewéi et an der Zäit Gebrauch war, dofir awer léiwer mat volle Pätt. Eng gutt Eenegkeet konnt domat net zustane kommen an dat Ganzt ass zu näischt ausgaangen.​ Am Joer 1907 hunn sech déi wou wirklech Freed un der Musék haten zesumme gedoen, fir d’Harmonie Berdorf ze grënnen. Bis 1920 huet d’Gesellegkeet se zesumme gehale mat Concerten op der Kiermes, an Deelhuelen u reliéise Zeremonien oder weltlechen Feieren. Ab 1920, mam Militärmuséker Grégoire Trausch, als Dirigent ass méi eng stramm Disziplin agefouert ginn.

1930.jpg

Mat Theorie a Solfège fir jonk an Al, an 2 Frang pro Prouf fir dem Dirigent seng Pai, neien Instrumenter a reegelméisseg Prouwe sënn bis 1930 besser Concerte méiglech ginn. Et gouf och reegelméisseg a Lenerten Theater gespillt. No enger gewëssener Veräinsmiddegkeet vun 1930-1936, an enger kuerzer Ëmstellung op Fanfare, déi awer näicht bruecht huet,  koum duerno en neien Opschwong, deen awer duerch den Ufank vum Krich 1940 ausgebremst gouf. Et gouf zwar probéiert all d’Material vum Veräin virun den däitsche Besatzer a Sécherheet ze bréngen, mee wéi d′Leit no fënnef Méint Evakuatioun heemkomm sinn, waren de Fändel an d’Instrumenter, all Musikalien an d’Garderob vun den Theateropféierungen fort.

1948.jpg

Wéi no 1947 d’Verhältnesser sech nees normaliséiert hunn, ass de Veräin erëm lues a lues op d’Been komm, dat mat zwee Prête vu 50.000 an 8.000 Frang a mat engem neien Dirigent an der Persoun vum Pierrre Wagner deen dat 20 Joer bliwwen ass. Et gouf och e neie Fändel ugeschaft. Geprouft gouf mëttwochs am Gemengesall.

1957.jpg

Mat der Uschafung 1956 vun neien Uniformen an 1957 dem Bau vum Musikkiosk am Duerfzentrum bäi Geleeënheet vum 50. Gebuertsdag, deen ob Initiativ vun der Harmonie gebaut an duerch d’Gemeng finanzéiert gouf, ass d’Harmonie weider gewuess.

Deelhuelen un de Museksconcouren, Organisatioun vu Molbiersfester, a Scheierfester a Schoutech, nei Organisatioun vun der Cäciliefeier, Ophuele vum éischte weibleche Member 1964, organiséiere vu Veräinsausflig, ware fir déi nächst 10 Joer ernimmenswert Evenementer, niewent deene ville Concerten an Optrëtter z.B. den 1. Mee oder Péngschtdenschden op der Sprangprozessioun.

1967.jpg

De Josy Comes huet 1968 nom sechzegste Gebuertsdag vun der Harmonie, den Dirigenteposten iwwerholl an 1970 ass d’Harmonie der haiteger UGDA-Mutuelle bäigetrueden. An de 70er Jore gëtt d’Jugendaarbecht grouss geschriwwen an eng Jugendmusek ass an d’Liewe geruff ginn. 1971 gëtt de Proufsall  an déi al Molkerei verluecht an et fënnt den éischte Wienerowend statt, een vu ville, wou dann och den éisträicheche Botschafter e puer Mol deelgeholl huet.

bottom of page